De coolste (Studenten)Job vum Joer!

Dëse Summer engagéiert d’Gemeng Helperknapp 6 Studente fir sech em de Beachdref ze këmmeren! Wärend 4-5 Wochen assuréiers du eng Permanence, a gess an denger Aarbecht vun der Jugendkommissioun an natierlech och vun der Gemeng ënnerstëtzt.

Deng Aufgaben:

  • D’Op- an Zoumaache vum Beachclub (Schwämm, Beachsoccer, Vestiaire, an alles wat derzou gehéiert) a reegelméissegt Botzen
  • D’Iwwerwaachen an d’Oppasse vum Schwammbasseng
  • D’Servéiere an Encaisséiere vun Iessen a Gedrénks
  • Eventuell Aktivitéite mat Kanner/Jonke wann d’Zuel vun de Visiteuren dat zouléisst

Eis Erwaardungen:

  • Du bass zouverlässeg an organiséiert
  • Du kanns gudd an engem Team schaffen an kanns dech den verschiddenen Situatiounen, Persounen an deem waat gefroot get, upassen
  • Du bass bereed, Konflikter duerch Kommunikatioun an direkt Matdeelen ze leisen
  • Du kanns Initiativ ergräife wa gebraucht
  • Du bass responsabel a bereet de Règlement d’Ordre Interne z’applizéieren, oder Hëllef ze ruffe wann dat net méiglech ass
  • Du bass disponibel fir flexibel 40 Stonnen d’Woch ze schaffen – déi opgedeelt ginn tëscht 6 Persoune fir de Beachdref all Dag (och Weekender) vun 1400 bis 2100 Auer opzehunn – an dat idealerweis vum 8. Juli bis de 7. August 2019
  • Du schwätzt op d’mannst fléissend Lëtzebuergesch a Franséisch

Als Plus:

  • Du hues een gültegen éischt Hëllef Cours- Diplom
  • Du hues de Rettungsschwëmmer-Diplom
  • Du bass groussjäreg
  • Weider Sproochen a Frëndlechkeet
  • Erfarung mat Kanner, respektiv Diplomer wéi een Animateursschäin
  • Kreativitéit fir de Projet spontan z’animéieren

Eisen Engagement:

  • Du gess begleet an ënnerstëtzt wou’s du et brauchs
  • Du gess dem Gesetz no bezuelt, a mir kucken dat alles sur Place ass wat’s du brauchen kéins

Interesséiert bei dësem neie Projet matzemaachen? Schéck deng Kandidatur op [email protected].