Beachdrëf?

Fräi inspiréiert vum „Hesper Beach-Club“, huet dëse Projet eng kloer Nues am Interêt vu Kanner a Jonken, mee et ass der Gemeng Helperknapp wichteg et esou opzebauen dat och Elteren a soss Persounen hier Freed an hire Spaass op dëser Plaz hunn.

Dei fënneft Editioun ass all Dag vum 14. Juli bis de 14. August op, vu 14 bis 21 Auer.

Et ginn och Navetten déi duerch Gemeng fuere fir Iech gemitterlech op de Beachdref ze féieren.

Reegelméisseg wäerten och Evenementer organiséiert ginn, dës fann dir op onsem Facebook!
Schreift iech och gären nees a fir per SMS um leschte Stand ze sinn.

Och ewéi d’läscht Joer ass den Entrée geschenkt an d’Tariffer vum Iessen a Gedrénks bleiwe weiderhin interessant fir jiddereen. All eventuelle Benefice gëtt gespent.

De Beachdref ass fir jiddereen, et ass äre Beachdref! Mellt iech, maacht mat, sot eis wat dir iech wënscht, a mir wäerten eis Méi ginn ee Maximum ze realiséieren!