Ee vun den Haaptgedanken hannert dem Beachdref ass et d’Zäit zesummen ze verbréngen, mat senger Famill, mat senge Frënn a mat neie Frënn. Ganz ongezwongen an ouni Stress, soll ee kënnen d’Féiss an de Sand an/oder an d’Waasser zappen, zesumme laachen, Souvenire machen, oder wee weess, vläicht och eppes nach weider mat op de Wee huelen.

Eis Prioritéite leien doranner, dat de Beachdref esou zougänglech wéi nëmme méiglech soll sinn, dat de Beachdref och nach gesond soll sinn, an dat Themen déi vläicht soss net ëmmer sou interessant sinn, op eng spilleresch Art-a-Weis mat den nächste Generatiounen geschwat ginn.

Et ass eis all wichteg dat den Zougang gratis ass, an dat Consommatiounen genau sou zougänglech bleiwen. D’Loscht an d’Wieder spillen och net emmer konsequent mat, mee och do ass et kee Problem, well mer dëst Joer während 25 Deeg All Dag vu 14 bis 21 Auer op sinn!

Dat heescht awer och dat Alles wat gesond ass, dementspriechend bëlleg muss sinn. A wat manner gesond, wat och méi deier – sou eise Motto!

Nohaltegkeet ass eist aner grouss Prioritéit fir 2019, a mir hunn eis op den Hutt geschriwwen komplett op 1-Wee Plastik ze verzichten! Mir kucke sou wäit wéi méiglech op Mehrwegfläschen ze goen, keng Schalimoen, kee Plastiksgeschier a keng 1-Wee Becheren ze notzen. Och probéiere mer maximal d’Gedrénks aus Fläschen ze zervéieren. Alles wat dann awer iwwreg bleiwt, gëtt duerno konsequent gesënnert, fir sou mann wéi méiglech Dreck ze produzéieren.

Hudd dir weider Prioritéiten déi dir fir de Beachdref wichteg fannt? Mellt iech! Mir sinn interesséiert a ginn eis gäre méi op iech anzegoen!