Green Events

D’Editioun 2023 vum Beachdref steet ënnert dem Logo „Green Event“, wat bedeit dat konkret?

D’Editioun 2023 vum Beachdref steet ënnert dem Logo „Green Event“, wat bedeit dat konkret?

De Sënn an Zweck vun dësem Label besteet doranner, fir en Evenement esou nohalteg ewéi méiglech z’organiséieren a virun allem och of ze halen.

Hei mussen dowéinst am Virfeld ganz konkret Ëmwelt- a Klimaschutzmoossnamen ëmgesat ginn, fir domat den negativen Impakt vun den Auswierkungen op d’Natur, Klima an Ëmwelt op e Minimum ze reduzéieren.

Dat heescht datt mir Als Organisateur konkret Mesuren ergräifen fir de Beachdref esou nohaltegt wei méiglech ze organiséieren. 

Follgend Moossnamen hu mir do ënnerholl:

  • D’Benotze vun Eewee-Artikelen ass net erlaabt, dozou zielen ënner anerem:
    • Gadgeten, Marketingaktiounen a Kaddoen (zB Bicer, Loftballon, Séissegkeeten, asw)!
    • Restauratioun/Gedrénksstand Eewee-Artikelen* (zB Schallimo, Telleren, Besteck, Gedrénksbecheren, asw) dëst bezitt sech och op bio-dégradabelt Geschier
    • Eewee-Tuten
    • Alles wat eenzel verpaakt ass oder Eeweeverpackung
  • Mir benotze rëmbenotzbaart Material:
    • zB Sand geet stockéiert a rëm benotzt
    • Dekoratioun (z.B. Planzen, Girlanden, Dëschdekoratioun) besteet aus natierlechem an/oder rëmbenotzbarem Material)
  • D’Accessibilitéit ouni Auto vum Beachdref ze vereinfachen:
    • De Site ass gutt mam ëffentlechen Transport erreechbar
    • Speziell Navette sinn organiséiert
    • Vëlosstännere sinn op der Platz
  • Betreffend d’Iessen a d’Gedrénks bidde mir follgendes un:
    • vegetaresch/vegan Geriichter
    • Produiten aus biologescher Landwirtschaft
    • Gedrénks aus Lëtzebuerg an/oder aus der Regioun
    • Liewensmëttel aus Lëtzebuerg an/oder aus der Regioun
    • Produiten aus fairem Handel
    • Gratis Krunnewaasser
  • Mir verzichten op net-saisonal Produite fir Uebst a Geméis
  • Mir stelle sécher, dass d’Offalltrennung wärend dem Beach gemaach gëtt. (wärend der Montage an och der Demontage)
  • Ganz Akommes gëtt lokal gespent

Mir gräife gréisstendeels op digital Kommunikatioun zeréck fir de Pabeierverbrauch ze reduzéieren (ekologesche Label, deen en Undeel u recycléierte Fasere garantéiert)