De Beachdrëf ass ee Projet vun der Gemeng Helperknapp deen integral vun der Gemeng finanzéiert a vun der Jugendkommissioun organiséiert ass.

Fräi inspiréiert vum Hesper Beach-Club, huet dëse Projet eng kloer Nues am Intérêt vu Kanner a Jonken, mee et war der Kommissioun vun Ufank un wichteg et esou opzebauen dat och Elteren a soss Persounen hier Freed an hiere Spaass op dëser Plaz hun.

Des zweet Editioun ass all Daag vum 11. Juli bis den 5. August op, vu 14 bis 21 Auer, an all Weekend gëtt ab 17 Auer gegrillt.

Dat eischt greissert Event ass dann den 13. Juli – zesumme mat Trisomie21 asbl – eng Hawaii Party fir d’ganz Famill! Profitéiert dervun de Beachdref z’entdecken, leiert aner Leit kennen, a virun allem, ameséiert iech!

De 15. Juli ass da fir d’Fussballfans ee Public Viewing vun der WM, an ee Beach-soccer Tourneier leeft en parallèle. Mellt iech mat ärer Equipe u, kommt an drot zur gudder Stemmung bäi!

Weider Evenementer sinn an der Plangung, a gi soubaal wéi meiglech hei an op fb.me/beachdref annonceiert!

Schreiwt iech och gären nees iwwert de Site an fir per SMS um läschte Stand ze sinn.

Och ewei d’läscht Joer ass den Entrée geschenkt an d’Tarifer vum Iessen a Gedrénks bleiwe weiderhinn interessant fir jiddereen. All eventuelle Bénéfice gëtt un Trisomie21 asbl gespendt.

De Beachdref ass fir jiddereen, et ass äre Beachdref! Mellt iech, maacht mat, soot eis wat dir iech wenscht, a mir wäerten eis Meih ginn ee Maximum ze realiséieren!

D’Jugendkommissioun vun der Gemeng Helperknapp