Säit e Sonnden den Owend ass de Beachdref 2017 oofgeschloss! Fir eis all war et e volle Succès, mat iwwer 1.000 Visiteuren an deenen zwou Wochen (trotz dem schlechte Wieder), an enger Cagnotte vun ongeféiert 3.000 € déi mir Trisomie 21 asbl spenden!

Iech all ee ganz grousse Merci fir déi vill schéin Erennerungen, déi vill gutt Iddien, an déi vill léiw Wierder – da schafft et sech vill besser 🙂

Wann dir nach eppes an eist Guestbook schreiwe wëllt, setzt Iech iwwer Facebook mat eis a Kontakt.

De Sand bleiwt iwwregens einstweilen nach do (mat de Goaler), an do dierf een nach gäre weider Beachsoccer spillen!