De Pall Center huet eis vum Ufank vum Projet un hier Ënnerstëtzung zougesot, a mir drécken hinnen dofir op dëser Plaz ee ganz grousse Merci aus!

Am Sënn vun eise jonke Visiteuren, schenkt „de Pall“ eis reegelméisseg frësch Friichten a Waasser, an dëst erméiglecht eis de Beachdrëf ganz ouni ongesond Snacks de ganzen Dag opzehunn, a firun allem all jonke Visiteur eng gesond Tëschemoolzecht ze schenken!

Sie sinn awer och a villen aneren Hisiichten extrem flexibel a verständnisvoll gewiescht par Rapport zum Stress dee mir haten fir de Projet ze starten an och elo, während der ganzer Zäit vum Projet.

Merci Christiane, Tiana, an och all deenen aneren déi eis dëst erméiglecht hunn!