Dëse Summer engagéiert d’Gemeng Béiwen un der Atert dräi Studente fir sech em deen neie Beachclub vu Bëschdref ze këmmeren vum 12. Juli bis den 1. August !
Während 3 Wochen assuréiert dir eng Permanence, a gitt an ärer Aarbecht vun der Jugend-, Sport- a Fräizäit-Kommissioun ënnerstëtzt.

Är Aufgaben:
– D’Op- an Zoumaache vum Beachclub (Schwämm, Beach-soccer, Vestiaire, an alles wat derzou gehéiert) a reegelméissegt Botzen
– D’Iwwerwachen an d’Oppasse vum Schwammbasséng
– D’Servéiere vun Iessen a Gedrénks
– Eventuell Aktivitéiten mat Kanner/Jonken wann d’Zuel vun de Visiteuren dat zouléisst

Eis Erwaardungen:
– Dir sidd zouverlässeg an organiséiert
– Dir fonctionnéiert gutt no Instruktiounen
– Dir kennt Initiativ ergräife wa gebraucht
– Dir sidd Responsabel a Bereet de Règlement d’Ordre Interne z’applizéieren, oder Hëllef ze ruffe wann dat net méiglech ass
– Dir hutt ären éischt Hëllef Cours gepackt
– Dir hutt de Rettungsschwëmmer-Diplom
– Dir hutt op d’mannst 18 Joer
– Dir sidd disponibel fir flexibel 40 Stonnen d’Woch ze schaffen déi opgedeelt ginn tëscht 3 Persoune fir de Beachdref all Dag (och Weekender) vu 14 bis 21 Auer opzehunn
– Dir schwätzt op d’mannst fléissend Lëtzebuergesch a Franséisch

Als Plus:
– Weider Sproochen a Frëndlechkeet
– Erfarung mat Kanner, respektiv Diplomer wéi een Animateursschäin
– Kreativitéit fir de Projet spontan z’animéieren

Eisen Engagement:
– Dir gitt kloer begleet an ënnerstëtzt wou der et braucht
– Dir gitt dem Gesetz no bezuelt, a mir kucken dat alles sur Place ass wat dir brauche kéint

Interesséiert bei dësem neie Projet matzemaachen? Schéck deng Kandidatur op [email protected] an/oder un d’Gemeng Béiwen.